Mam 8. Spilldag huet am Dëschtennis d'Réckronn ugefaangen. Iechternach konnt doheem géint Bäerbuerg wannen, Diddeleng hat zu Rued keng Schwieregkeeten.

Iechternach - Bäerbuerg 6:2

Am Ostderby sollt Iechternach doheem géint Bäerbuerg näischt ubrenne loossen an direkt vun Ufank un de Géigner ënner Drock setzen. Kubica, Dadechin a Co. wollte géint den direkte Konkurrent de Virsprong an der Tabell ausbauen, wat hinnen och gelongen ass. Virun allem de Kubica huet mat enger gudde Leeschtung iwwerzeegt an huet säi Match géint de Michely gewonnen - hie konnt sech och géint den Zeimes duerchsetzen. Mat dëser Victoire huet d'Formatioun aus der Abtei-Stad den Uschloss un d'Spëtzt gehalen.

Rued - Diddeleng 1:6

D'Iwwerraschungsekipp vun dëser Saison kënnt aus Rued, ma mat Diddeleng war haut de Virjores-Champion op Besuch. D'Quartett ronderëm de Zoltan Fejer-Konnerth ass deemno als Favorit an dëse Match gaangen an huet um Enn och näischt ubrenne gelooss. Esou konnt de Fejer-Konnerth an de Michely d'Ufankspartie fir sech entscheeden an och de Santamouro konnt géint Stammet a Feltes iwwerzeegen.

Éiter/Waldbriedemes - Nidderkäerjeng 6:0

D'Schlussliicht an der Tabell ass net grad mat vill Confiance op d'Musel gereest. Hei haten si dann och um Samschdeg ee ganz schwierege Stand géint gutt opgeluechte Spiller vun Éiter/Waldbriedemes. Séier war d'Formatioun vun der Musel vir a konnt schliisslech duerch dëse Succès ee Sprong no vir an der Tabell maachen.

Houwald - Hueschtert/Foulscht 6:3

Houwald bleift weider ongeschloen a kann hir Serie vu Victoiren op 6 Matcher eropschrauwen. An der Partie géint Hueschtert/Foulscht hu si et awer spannend gemaach. Esou louchen Cekic a Balaban no den éischten zwee Matcher mat 0:2 hannen. Duerno hu si awer ëmmer méi opgedréint an a Persoun vu Balaban an Dielessen d'Partie fir sech entscheet. De Gaascht aus dem Éislek kann trotz der Defaite op dës Leeschtung opbauen.