U sech war de grousse Volleyballstournéier fir den 28. bis 30. Dezember geplangt. Deen huet awer elo missten ofgesot ginn.

En traditionelle Rendez-vous aus dem Volleyball gouf dëst Joer ofgesot. De internationalen Tournoi fir Nationalequippen um Enn vum Joer an der Coque ass deemno net. D'FLVB schreift an hirem Communiqué, et hätt een alles probéiert, fir en Tournoi mat enger gewëssener Qualitéit op d'Been ze stellen, dat wär awer duerch den internationale Kalenner net méiglech gewiescht. D'Präisser fir d'Deplacementer um Enn vum Joer fir déi aneren Natiounen, wär och net favorabel gewiescht.

Eisen Informatiounen no wär et bei den Dammen awer zum Beispill duerchaus méiglech gewiescht en Tournoi op d'Been ze stellen. Island an Schottland hätte sech schonn ugemellt. Liechtenstein wär als 4. Natioun och nach méiglech gewiescht, déi hätt een awer net gewollt.

Et hätt sollen déi 32. Editioun vun dëser Institutioun am Lëtzebuerger Volleyball ginn. E weideren haarde Coup fir eng Federatioun, wou een an de leschte Méint a Joren den Androck hat, datt de Niveau vun de Sportler zwar an d'Luucht gaangen ass, dee vum Verband awer éischter biergof geet.

Well awer d'Härennationalekippen, esou wéi d'Schwäiz bei den Hären an Island bei den Dammen an der Virbereedung op d'Europameeschterschaftsqualifikatioun sinn, wäerten dës Ekippen hei am Land trainéieren an och Trainingsmatcher ausdroen.