Diddeleng hëlt géint Revanche géint Bäerbuerg

© Val Wagner
Um 9. Spilldag huet Diddeleng d'Revanche fir d'Hironn-Defaite géint Bäerbuerg geholl an Hueschtert/Foulscht konnt sech ee Remis géint Iechternach sécheren.
Bäerbuerg – Diddeleng 3:6
De 6. vu Bäerbuerg hat den 2. vun Diddeleng op Besuch. An der Hironn hat d'Formatioun aus dem Osten nach géint de Gilles Michely a Co. d'Iwwerhand behalen, e Samschdeg sollt Diddeleng awer d'Revanche huelen. No dräi Matcher war d'Heemekipp nach vir, ier de Santomauro säi Match wannen a fir den Ausgläich suerge konnt an de Fejer-Konnerth direkt duerno mat senger Victoire een drop gesat huet.
Duerno ass et ëmmer méi a Richtung vun enger Diddelenger Victoire gaangen an d'Gäscht hunn näischt méi ubrenne gelooss.
Hueschtert/Foulscht – Iechternach 5:5
Fir de Kont vum 9. Spilldag war Iechternach de Favorit an der Partie géint d’Ekipp aus dem Norden. Hueschtert/Foulscht wollt virum eegene Public géint den Tabellendrëtten op d’mannst ee Remis packen, an der Hironn war den Éisleker schonns ee Gläichspill gelongen.
Esou sollt et dann och um Samschdeg kommen. Ufanks hat et souguer fir Hueschtert/Foulscht no enger Victoire ausgesinn: si waren no 3 Partien mat 3:0 vir. Ma duerno hunn awer Dadechin, Kubica an de Sousa opgedréint a mat engem Laf d'Partie ausgeglach.
Rued – Éiter/Waldbriedemes 6:3
Eng spannend Partie konnt ee sech am Duell vum 4. an dem 5. erwaarden. Béid Formatioune luussen nämlech a Richtung Halleffinall a wëllen onbedéngt mat vun der Partie sinn, wann et ëm d'Plaze vun deene beschte geet.
Esou goung et och vun Ufank un hin an hier an et war de Peter Musko, deen a sengem Match géint de Mickaël Fernand mat senger 3:2-Victoire d'Richtung vum Rescht vun der Partie virginn huet. Zwar koum de Gaascht nach eng Kéier mat engem 4:3 erun, ma um Renn sollt d'Formatioun vu Rued awer d'Iwwerhand behalen.
LINK: All d'Resultater vum 9. Spilldag an d'Tabell am Iwwerbléck