Ginn d'Dammen net mat op d'Spiller vun de klenge Länner?

© pressphoto.rtl.lu (archiv)
Doduerch, datt den Novotelcup ausgefall ass, ass et méiglech, datt d'Volleyball-Dammennationalekipp net mat an de Montenegro dierf fléien.
D'lescht Woch huet déi Lëtzebuerger Volleyballfederatioun jo matgedeelt, datt den internationalen Tournoi um Enn vum Joer an der Coque ofgesot huet misse ginn. D'Fro, déi sech elo natierlech doduerch stellt ass, ob d'FLVB-Dammen iwwerhaapt kënne mat op d'Spiller vun de klenge Länner geholl ginn.
Den internationalen Tournoi an der Coque, deen déi lescht 31 Editiounen zum traditionelle Rendezvous an der Volleyballzeen hei am Land gehéiert huet, gouf, zanter et d'Spiller vun de klenge Länner ginn, och ëmmer geholl, fir ze kucken, wei kompetitiv d'Nationalekipp ass. Et kann een duerchaus soen, datt deen Tournoi och an engem gewëssene Mooss e Kritär fir den Lëtzebuerger Comité Olympique duergestallt huet, fir ze decidéieren, ob d'Dammennationalekipp mat op d'JPEE geholl gëtt, oder net.
Dëst d'Kéier fält deen Tournoi also ewech, och, ass ze héieren, well ee sech an der Volleyballsfederatioun ze spéit richteg drëms gekëmmert huet, fir ze kucken, en anstännege Plateau vun Géigner zesummenzestellen. Iwwert de Weekend elo, hu sech vill Leit an de Volleyballhalen d'Fro gestallt, wei et dann elo fir d'FLVB-Dammen ausgesäit en vue vun de Spiller vun de klenge Länner, déi vum 27. Mee bis den 1. Juni a Montenegro sinn. Dee leschten offizielle Lännermatch hunn d'Lëtzebuerger Dammen ebe grad, bei der leschter Editioun vum internationalen Tournoi an der Coque zejoert gespillt. Souwäit eis Informatioune sinn, ass och elo direkt nach kuerzfristeg näischt virgesinn, wou een an offizielle Kompetitiounen de kompetitiven Noweis vun der Ekipp kréich.
Bei den Hären ass dat e bëssen anescht, well déi an de leschte Méint jo eng Rei Matcher haten an och elo am Januar Europameeschterschaftsqualifikatioun hunn. Beim COSL ass ee sech der Problematik bewosst. An noer Zukunft gëtt dat beim Comité Olympique och e Sujet. Et misst een dann och mat der Federatioun kucken, wat si proposéiert, fir e kompetitiven Noweis ze kréien. Am schlëmmste Fall kéint et awer sinn, datt d'Lëtzebuerger Volleyball-Dammennationalekipp net mat op d'Spiller vun de klenge Länner bei der 1. Editioun a Montenegro geholl gëtt.
D'Reaktioun vun der FLVB
An engem Communiqué huet d'Volleyballsfederatioun op d'RTL-Reportage reagéiert.