En Dënschdeg den Owend stoungen nach dräi Véierelsfinalle vun der Coupe am Dëschtennis um Programm.

Hei gouf et Victoirë fir Diddeleng, Éiter/Waldbriedemes an Iechternach. Den Houwald hat schonns éischter gespillt a konnt sech do géint de Briddel behaapten.

Briddel - Houwald 1:4

Den DT Houwald huet sech schonns leschte Samschdeg uerdentlech schwéier gedoe mam DT Briddel. D'Ekipp aus der Nationale 2 huet nämlech gekämpft an et dem Tabelleleader aus der Nationale 1 alles aneschters ewéi liicht gemaach. De Zlatko Rajcic konnt a sengem Match géint den Cheng Xia den eenzege Punkt huelen, ma an zwou weider Partië wier méi dra gewiescht. De Rajcic verléiert nämlech um Enn mat 2:3 géint den Irfan Cekic an och de Jacob Bjurström huet sech nëmme knapps dem Marc Dielissen misse geschloe ginn.

Bäerbuerg - Diddeleng 1:4

Nodeems den DT Diddeleng schonns de Weekend d'Revanche am Championnat huele konnt, huet d'Ekipp ëm de Zoltan Fejer-Konnerth och en Dënschdeg den Owend näischt ubrenne gelooss an esou hu si Bäerbuerg direkt nach eemol bestrooft. Fir Bäerbuerg gouf et nëmmen ee Punkt, dat duerch eng Victoire vum Mirko Habel géint de Gilles Michely. De Fejer-Konnerth huet bei sengen zwou 3:0-Victoiren dem Mirko Habel an dem Michael Schwarz keng Chance gelooss. Fir déi zwee weider Punkten hunn de Gilles Michely an de Fabio Santomauro gesuergt.

Hueschtert/Foulscht - Éiter/Waldbriedemes 3:4

Et war vun Ufank un eng ganz spannend Partie, wou een zu kengem Zäitpunkt viraussoe konnt, ewéi et do géing ausgoen. Den Olivier Joannes konnt fir Hueschtert/Foulscht den 1. Punkt maachen duerch eng 3:0-Victoire géint d'Olga Nemes. De Mickaël Fernand vun Éiter/Waldbriedemes konnt allerdéngs fir seng Ekipp ausgläichen, andeems hien de formstaarken Tim Janssens 3:1 schloe konnt. Dono war et dunn um jonke Maël van Dessel, dee sech fir d'Vertrauen, wat e krut, bedankt huet an zwar andeems hien de fréiere Landesmeeschter Daniel Wintersdorff mat 3:2 geklappt huet. Op en Neits konnt awer de Mickaël Fernand ausgläichen. De Fransous war en Dënschdeg an Topform an huet och den Olivier Joannes geklappt. Dono konnt dunn nach d'Olga Nemes mat 3:1 géint de Maël van Dessel gewannen an den Tim Janssens mat 3:2 géint den Daniel Wintersdorff. Esou ass et an den entscheedenden Dubbel gaangen, wou sech Éiter/Waldbriedemes knapps mat 3:1 duerchgesat huet.

Rued - Iechternach 3:4

Dass Rued iwwerrasche kann, misst mëttlerweil jidderengem kloer sinn, ma dass si ouni hir Nummer 1 Peter Musko esou gutt mat Iechternach mathale kéinten, dat hu wuel déi wéinegst gemengt. Den DT Iechternach ka frou sinn, dass si sech en Dënschdeg den Owend op den Arlindo de Soua verloosse konnten, dee mat sengen 2 Victoiren am Eenzel an enger am Dubbel ganzer 3 Punkte sammele konnt. Fir Rued konnte sech nämlech déi zwou Lëtzebuerger Nationalspillerinnen Danielle Konsbruck an Tessy Gonderinger iwwerraschend géint den Evgheni Dadechin duerchsetzen an nach méi iwwerraschend konnt de Carlo Feltes géint den Traian Ciociu gewannen. Am entscheedenden Dubbel konnt d'Koppel De Sousa/Ciociu dunn awer kloer 3:0 gewannen, esou dass Iechternach och de Sprong an d'Halleffinalle packt.

An déi ginn alleguerten den 11. Januar zu Iechternach gespillt. Hei kritt Iechternach et da mat Diddeleng ze dinn an den Houwald mat Éiter/Waldbriedemes. Den nämmlechten Dag op der nämmlechter Plaz sinn dann och d'Halleffinalle vun der Coupe bei den Dammen. Do spillt Diddeleng géint Nidderkäerjeng an den Houwald géint Rued.