Um 10. Spilldag huet den DT Diddeleng kloer mat 6:1 géint Hueschtert/Foulscht gewonnen an den Houwald huet Éiter/Waldbriedemes mat 6:3 geklappt.

E Sonndeg stoung nach eng Partie vum 10. Spilldag am Dëschtennis-Championnat um Programm. Den Houwald war no engem 5:5-Remis géint Éiter/Waldbriedemes an der Hironn gewarnt, datt et um Sonndeg doheem virum den eegene Spectateuren wuel net einfach wäert ginn. Dës Kéier huet een et awer besser gemaach an de Match mat 6:3 gewonnen, och wann d'Decisioun eréischt an den Dubbelen zum Schluss gefall ass. Fir d'Lokalekipp hunn den Irfan Cekic, den Ademir Balaban, de Marc Dielissen an den Duo Cekic/Bakic Punkte gemaach. Op der Säit vum Fusionsveräin konnten den Thibaut Besozzi, de Mickaël Fernand an d'Olga Nemes Matcher gewannen.

Duerch dës Victoire vum Houwald sti si an Diddeleng fréizäiteg an den Halleffinall vum Championnat. De Champion schonn e Samschdeg Hueschtert/Foulscht keng Chance gelooss. Den aktuelle Champion hat sech souverän mat 6:1 behaapt. Am Ganzen haten de Gilles Michely a Co. an de 7 Partien nëmme 5 Sätz ofginn. Fir Hueschtert/Foulscht hat de Colin Heow duerch eng 3:2-Victoire géint de Fabio Santomauro den eenzege Punkt um Samschdeg géint Diddeleng geséchert. Kämpfen hat awer de Zoltan Feyer-Konnerth missen um Samschdeg, fir net déi éischt Partie an dëser Saison ze verléieren. Um Enn huet hie sech awer am decisive 5. Saz mat 11:0 géint den Tim Janssens behaapt.

Eng kloer Affär war och d'Partie tëscht Iechternach an dem Tabelleleschten Nidderkäerjeng. D'Lokalekipp huet sech hei mat 6:1 behaapt, dat no Victoirë vum Traian Ciociu, Arlindo de Sousa, Eric Thillen an Evgheni Dadechin. Den eenzege Punkt fir Nidderkäerjeng huet de Jean-Louis Lamarre mat engem 3:0 géint den Dadechin realiséiert. Den Nidderkäerjenger konnt och géint den Traian Ciociu iwwerzeegen, well hien huet do bis an de 5. Saz matgehalen, ier e sech awer huet misse geschloe ginn.

Nidderkäerjeng war nëmme mat 3 Spiller ugetrueden, well de Georges Steven wéinst enger Blessur net konnt untrieden.

E Réckschlag gouf et um 10. Spilldag fir Bäerbuerg. An der Course ëm d'Plazen an den Halleffinallen huet een nämlech géint den direkte Konkurrent Rued mat 4:6 verluer. Et war eng enk Partie tëscht béiden Ekippen. No den Eenzel loung Rued mat 5:3 a Féierung an dunn huet den Duo Peter Musko/Carlo Feltes mat engem 3:1 géint den Duo Luc Michely/Ronny Zeimes de Sack an der Partie zougemaach.

Fir Bäerbuerg war et déi 5. Néierlag noeneen.