D'Lëtzebuergerin mécht elo 2 Woche Vakanz a probéiert zu Lëtzebuerg e bëssen op aner Gedanken ze kommen.

Dobäi hëllefen och d'Tessy Gonderinger an d'Dani Konsbrück, déi mam Sarah de Nutte an der Nationalekipp spillen. Si hunn eng ganz speziell Relatioun, wahrscheinlech och de Grond firwat d'Nationalekipp mam Ni Xia Lian sou grouss Succèse gefeiert huet. Viru kuerzem hunn d'Rout Léiwinne sech dann och fir d'EM 2019 qualifizéiert.

Anescht ewéi hir Frëndinnen huet d'Sarah de Nutte sech decidéiert iwwert d'Sporstarméi hiert Gléck als Profi ze probéieren. Déi 27 Joer al COSL-Athletin ass aktuell d'Nummer 71 op der Welt a lieft an trainéiert zu Düsseldorf.

D'Decisioun war déi richteg, ëmmerhin huet d'Sarah de Nutte Enn September zesumme mam Ni Xia Lian d'Bronzmedail bei der EM zu Alicante gewonnen. En historescht Resultat fir de Grand Duché. Awer och am Eenzel huet d'Sarah de Nutte weider Progrèse gemaach. D'Lëtzebuergerin huet sech zum Beispill op der Worlds Tour a Bulgarien fir d'1/16-Finall qualifizéiert a spillt Ufank 2019 mat hirem Club Bad Driburg an der Halleffinall vun der dätscher Coupe. Dat nodeems d'Sarah de Nutte an der Véierelsfinall déi fréier Europameeschterin Qianhong Gtsch geklappt huet. Am Championnat gouf et am November eng Victoire géint déi aktuell däitsch Nationalspillerin Sabine Winter.

D'Sarah de Nutte wëll sech och an Zukunft weider verbesseren an an der Weltranglëscht no fir kommen. Dat ganz grousst Ziel heescht awer Olympesch Spiller 2020 zu Tokyo.

Op d'Sarah de Nutte et packt, steet am Moment nach an de Stären, mee déi 6-fach Lëtzebuerger Championne huet de Wëllen, alles ze probéieren. Och wann elo emol d'Feierdeeg virun der Dier stinn.