Sarah de Nutte mat Bad Driburg Vize-Hierschtchampion

Duerch eng knapp 5:4-Victoire e Sonndeg géint den direkte Konkurrent Bingen/Münster-Sarmsheim ass Bad Driburg an der 1. Bundesliga Vize-Hierschtchampion.
D'Sarah de Nutte huet bei dëser knapper Victoire ee ganz wichtege Punkt bäigedroen, d'Lëtzebuerger Nationalspillerin konnt sech nämlech mat 3:1 géint d'Yuan Wan, d'Nummer 38 an Däitschland duerchsetzen. D'Lëtzebuergerin steet an dësem Ranking op der 35. Plaz.
Den 12. Januar 2019 geet de Championnat da viru fir Bad Driburg an d'Sarah de Nutte, do spille si dann auswäerts beim TSV Langstadt. Een Dag méi spéit spille si dann doheem géint Böblingen. De 6. Januar musse si allerdéngs scho géint Berlin untrieden, dat am Final Four vun der däitscher Coupe.
RTL-News: VIDEO-Reportage: Sarah de Nutte bléckt op erfollegräich Saison zeréck