Nodeems d'Lëtzebuerger Häre sech an der Grupp mat Griicheland a Russland net qualifizéiere konnte fir d'EM 2019 zu Nantes, hu si elo nach eng Chance.

Si spillen nämlech am 2. Tour vun der Qualifikatioun géint Bulgarien, d'Tierkei a Finnland. D'Matcher ginn den 18. an den 19. Mee 2019 gespillt. Nach ass awer net gewosst, wou dës Matcher gespillt ginn.

Déi éischt zwou Natiounen aus all Grupp kënne sech iwwer een Ticket fir d'Europameeschterschaften zu Nantes vum 3. bis den 8. September 2019 freeën.

Et dierft awer alles aneschters ewéi einfach gi fir d'FLTT-Hären, déi am aktuellen Europa-Ranking op Plaz 25 gefouert ginn, well d'Tierkei läit op Plaz 23, d'Finnen och op Plaz 25 an d'Bulgaren op der 29. Plaz. Deemno wäert een hei uerdentlech kämpfe mussen, fir sech ze qualifizéieren.

De genaue Programm:

18. Mee um 14 Auer: Lëtzebuerg - Bulgarien; Tierkei - Finnland
18. Mee um 19 Auer: Lëtzebuerg - Tierkei; Bulgarien - Finnland
19. Mee um 11 Auer: Lëtzebuerg - Finnland; Bulgarien Tierkei

D'Kadere vun de 4 Ekippen:

A Klammeren déi jeeweileg Placéierung vun de Spiller am Europaranking.

Lëtzebuerg: Luka Mladenovic (81), Eric Glod (87), Gilles Michely (222), Marc Dielissen (288), Fabio Santomauro (302), Traian Ciociu (309).

Tierkei: Ibrahim Gunduz (74), Abdullah Yigenler (126), Gencay Menge (141), Batuhan Ulucak (163), Ali Afsin Gul (230).

Bulgarien: Stanislav Golovanov (105), Petyo Krastev (157), Teodor Alexandrov (203), Philipp Floritz (226), Denislav Kodjabashev (238).

Finnland: Benedek Olah (36), Alex Naumi (171), Otto Tennila (200), Veikka Flemming (273), Toni Soine, Samuli Soine a Miikka O’Connor (jeeweils 315)