FLVB-Selektioun wëll géint den Aserbaidschan eng Victoire

Fir d'Härennationalekipp am Volleyball sti bannent 5 Deeg déi lescht zwee Matcher an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft um Programm.
E Samschdeg spillen d'Häre vum Coach Dieter Scholl géint den Aserbaidschan an e Mëttwoch da géint Griicheland. En Donneschdeg de Moien huet sech d'Lëtzebuerger Delegatioun op de Wee op Baku gemaach an de Marc Burelbach huet nom Ofschlosstraining e Mëttwoch mam Coach vun de Roude Léiwen op déi zwee Matcher no vir gekuckt.
Nodeems den Novotelcup ausgefall war, konnt ee fäerten, datt d'Virbereedung op déi zwee Matcher méi problematesch gewiescht wier, deem wier, dem Nationaltrainer no, awer net esou. "Ech si ganz zefridde mat der Virbereedung. Mir haten elo emol 4 Deeg um Stéck an eemol 2 Deeg, wou ganz intensiv geschafft gouf."
Den Niveau vun der Ekipp wier am allgemenge besser wéi nach am August, wou d'Lëtzebuerger géint den Aserbaidschan knapps mat 2:3 verluer haten an duerno géint Schweden gewanne konnten. D'Situatioun fir d'Lëtzebuerger ass kloer: fir sech fir d'Endronn ze qualifizéieren, mussen d'Rout Léiwen zweemol kloer gewannen. D'FLVB-Häre leien am Pool G just 2 Punkten hannert Schweden an dem Aserbaidschan.
Den Dieter Scholl erwaart sech dann och keng Kaddoen am éischte Match e Samschdeg géint den Aserbaidschan. "Ech si mir net ganz sécher, wat eis do erwaart, awer d'Situatioun ass kloer: wa si gewannen, si si déi Zweet, gewanne mir, si mir déi Zweet. Ech denken awer, dass mir déi besser Qualitéit hunn."
Mat dobäi sinn och déi zwee Lëtzebuerger Profie Chris Zuidberg a Kamil Rychlicki. De Chris Zuidberg spillt zu Waremme zwar net bei engem europäeschen Topveräin, sammelt awer vill Spillpraxis. De Kamil Rychlicki gehéiert zu de beschte Scorer an der italienescher Liga an ass kaum ze ersetzen.
Allgemeng huet d'FLVB-Selektioun d'Chance, hir konstant Progressioun an de leschte Jore mat enger gegléckter Qualifikatioun ze kréinen. Op hinnen dat geléngt, gesi mer dann e Samschdeg.