Lëtzebuerg no Defaite am Aserbaidschan ouni Quali-Chance

Um Samschdeg war d'Lëtzebuerger Hären-nationalekipp an der Qualifikatioun fir d'Volleyball-EM am Aserbaidschan gefuerdert. Um Enn huet een 1:3 verluer.
Den Allersmatch haten d'Lëtzebuerger knapp mat 2:3 an der Coque géint den Aserbaidschan verluer. No enger gudder Preparatioun mat 2 Stagen an de leschte 14 Deeg zu Lëtzebuerg wollt een um Samschdeg dëst Resultat nees gutt maachen an den zweete Match an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft gewannen. Dorausser sollt um Enn awer näischt ginn. Lëtzebuerg huet nämlech mat 1:3 am Aserbaidschan verluer. Domadder hu si d’Chance op eng Qualifikatioun fir d’Endronn definitiv verspillt.
Den éischte Saz hat sech den Aserbaidschan mat 25:18 geséchert. Am zweete Saz si Braas a Co gutt gestart a loungen tëschenduerch mat 11:5 a Féierung. D'Lëtzebuerger hunn de Géigner awer nees erukomme gelooss, sou datt si op 19:19 ausgläiche konnten. De Schluss vum Saz war du ganz enk an ass an d'Verlängerung gaangen. Beim Tëschestand vu 24:25 konnt Lëtzebuerg nach ee Sazball ofwieren an nees op 25:25 ausgläichen. Duerno huet den Aserbaidschan de Sak zougemaach a sech den zweete Saz mat 27:25 geséchert. Domadder stoung et 2:0 an de Sätz fir d'Haushären. D'Ekipp vum Dieter Scholl war am drëtte Saz gefuerdert, fir um Enn net mat 0:3 zu verléieren. D'Reaktioun vun de Lëtzebuerger ass dann och komm. An engem enke Saz an deem et ëmmer nees hin an hier gaangen ass, konnt sech d'Ekipp aus dem Grand-Duché beim Stand vun 19:17 een Avantage vun 2 Punkten erausspillen. Braas a Co hu sech net méi afänke gelooss an den drëtte Saz mat 25:20 fir sech entscheet an domadder an de Sätz op 1:2 géint den Aserbaidschan verkierzt. Am véierten Duerchgang war den Ufank nees enk, an der Mëtt vum Saz konnt sech dunn awer den Aserbaidschan vun de Lëtzebuerger ofsetzen a sech beim Stand vun 20:16 e Virsprong vu 4 Punkten erausspillen. D'Ekipp vum Scholl huet de Réckstand nach eng Kéier op 2 Punkten op 21:19 verkierzt, ma erukomme sollte si net méi. Den Aserbaidschan wënnt um Enn de Saz mat 25:20 an domadder de Match mat 3:1 géint Lëtzebuerg.
Am Kader vun der Lëtzebuerger Nationalekipp stoungen um Samschdeg: Braas, De Castro, Erpelding, Funk, Gajin, Glesener, Kiffer, Laevaert, Lux, Rychlicki, Stutz, Van Landeghem, Weber, Zuidberg.
Déi lescht Partie vun de Lëtzebuerger an dëser Campagne ass den 9. Januar an der Coque géint Griichenland. D'Partie gëtt um 19 Auer ugepaff a gëtt an Livestream op RTL.lu iwwerdroen.
D'Resultater vun de Lëtzebuerger am Iwwerbléck
Griichenland - Lëtzebuerg 3:0
Lëtzebuerg - Aserbaidschan 2:3
Schweden - Lëtzebuerg 3:1
Lëtzebuerg - Schweden 3:2
Aserbaidschan - Lëtzebuerg 3:1
An der Tabell steet Lëtzebuerg op der leschter Plaz mat 3 Punkten no 5 Matcher. Op der éischter Plaz steet Griichenland mat 14 Punkten. Si hunn um Samschdeg kloer 3:0 géint Schweden gewonnen. Den Aserbaidschan steet op der zweeter Plaz mat 8 Punkten. Drëtt sinn d'Schwede mat 5 Punkten.