An der Qualifikatioun fir d'Volleyball-Europameeschterschaft spillen d'Rout Léiwen de Mëttwoch den Owend um 19 Auer an der Coque hire leschte Match.

Och wann d'Qualifikatioun fir d'FLVB-Hären net méi méiglech ass, ginn et genuch Grënn, fir Gilles Braas a Co ënnerstëtzen ze kommen an dat net ze Lescht, well et, dem aktuelle Kalenner no, den eenzegen Optrëtt 2019 vun der A-Ekipp zu Lëtzebuerg dierft sinn. De Géigner Griicheland, Leader aus dem Pool G, ass mat senge beschte Leit ugereest an och dat ass schonn derwäert. Fir de Lëtzebuerger Kapitän Gilles Braas ass awer nach eppes wichteg an zwar d'Campagne gutt ofzeschléissen a sech nach eemol uerdentlech ze presentéieren.

AUDIO: Lëtzebuerg - Griicheland/Reportage Marc Burelbach

Nodeems kee vun de Spiller de leschte Samschdeg géint den Aserbaidschan seng bescht Leeschtung ofruffe konnt, wëllen d'Léiwe weisen, datt si bäisse kënnen. An alle Beräicher ass Loft no uewen an de Gilles Braas weess dann och, op wat et besonnesch ukënnt. Et wier nees wichteg, gutt ze zerwéieren an et misst een nees säin eegent Spill fannen an net selwer d'Feeler maachen, ma op Feeler vum Géigner waarden.

Well Griicheland schonn zënter dem Summer sécher qualifizéiert ass an d'Lëtzebuerger sech elo net méi kënne qualifizéieren, kënne béid Ekippen ouni Drock opspillen an et kann ee sech op e flotte Match astellen.

A fir wien de Wee an d'Coque ze wäit ass, dee kann de Match och vun 19 Auer u live am Stream op RTL.lu suivéieren.