En Donneschdeg war d'Auslousung vum Final 4 an der Coupe de Luxembourg am Volleyball.

Den 21. an den 22 Mäerz ginn zu Biissen d'Halleffinalle vun der Coupe de Luxembourg am Volleyball gespillt. Den Ufank maachen d'Dammen. Fenteng spillt den 21. Mäerz um 18.30 Auer géint Dikrech an dierft et géint den dës Saison nach ongeschloene Géigner ganz schwéier kréien. An der zweeter Halleffinall kritt Bartreng et mat Walfer ze dinn. Hei ass Walfer de klore Favorit.

Bei den Häre kritt et den 22. Mäerz um18.30 Auer Dikrech mat Stroossen ze dinn an um 20.30 Auer ass et den Duell tëscht Luerenzweiler a Bartreng. Hei sinn Dikrech a Bartreng favoriséiert.

D'Finall bei den Dammen an den Häre gëtt dann den 23. a 24. Mäerz zu Biissen gespillt.