D'Tina Welter konnt 3 Goler zum Succès vu Waiblingen am bäidroen , schlecht Nouvellen dogéint vum Thomas Grün aus dem Basket.

Um Sonndeg war d'Magalie Meynadier mat de Wohnbau Angels géint d'Saarlouis Royals gefroot. Um Enn konnt sech d'Ekipp vun der Lëtzebuergerin sech mat 93:72 behaapten.

De Kamil Rychlicki verléiert dogéint mat 1:3 géint Vibo Valentia, dëst an der Serie A1 am italienesche Volleyball.

An der 2. däitscher Bundesliga am Handball wënnt d'Tina Welter mat de Waiblingen Tigers 31:26 géint d'Füchse Berlin. Der Lëtzebuergerin ware bei dëser Victoire 3 perséinlech Goler gelongen.

Am Basket komme keng gutt Nouvelle vun de Gladiators Tréier. De Lëtzebuerger Thomas Grün huet sech nämlech e Bännerrass am lénkse Fouss zougezunn a fält dowéinst e puer Wochen aus. Den 11. Januar war den Nationalspiller am Match géint Chemnitz ëmgeknéckst a konnt net méi weiderspillen.

Um Samschdeg huet seng Ekipp géint d'Artland Dragons 91:78 gewonnen.