Bei den Damme konnt sech Rued zimlech däitlech mat 4:1 géint Nidderkäerjeng duerchsetzen. Bei den Hären huet Diddeleng den Houwald mat 4:2 geklappt.

Um Sonndeg stoung am Dëschtennis d'Coupefinall um Programm. Bei den Hären war et de Match tëscht dem Houwald an Diddeleng a bei den Damme war et Rued, déi et mat Nidderkäerjeng ze di krut.

Hären

Bei den Häre konnt sech de Gilles Michely vun Diddeleng am éischte Match mat 3:1 géint de Marc Dielissen vum Houwald behaapten.
Duerno war et an enger Spëtzepartie den Irfan Cekic vum Houwald dee sech géint den Fejer-Konnerth duerchsetze konnt a sou stoung et no 2 gespillte Matcher och 1:1.
De Fabio Santomauro hat wuel seng Schwieregkeete mam Ademir Balaban ma um Enn konnt hien Diddeleng erëm a Féierung bréngen, dëst mat 2:1.
Den Irfan Cekic konnt och säin zweete Match gewannen, a sou stoung et am General 2:2.
An engem enke Match konnt de Santomauro géint den Dielissen mat 3:2 wannen an de Fejer-Konnerth hat keng problemer géint de Balaban, sou dass sech Diddeleng um Enn mat 4:2 duerchsetze konnt.

Dammen

Bei den Damme konnt sech souwuel d'Dani Konsbruck, ewéi och d'Tessy Gonderinger duerchsetze, sou dass Nidderkäerjeng déi éischt zwee Matcher huet missen ofginn. 
Duerno konnt sech Nidderkäerjeng awer zeréck kämpfen a sech den drëtte Match sécheren, sou dass d'Damme vu Rued just nach mat 2:1 am Avantage louchen.
D'Dani Konsbruck konnt dann och säin zweete Match wannen, sou dass Rued d'Féierung op 3:1 ausbaue konnt.
Um Enn huet sech Rued dës Avance net méi huele gelooss, a sou konnt Rued sech ënnert dem Stréch mat 4:1 duerchsetzen a ka sech soumat Coupegewënner 2019 nennen.

VIDEO: Diddeleng a Rued kréine sech zum Coupegewënner
Bei den Damme konnt sech Rued zimlech däitlech mat 4:1 géint Nidderkäerjeng duerchsetzen. Bei den Hären huet Diddeleng den Houwald mat 4:2 geklappt.

© Yannick Zuidberg