Den Houwald wënnt de Spëtzematch géint Iechternach

© pressphoto (Archiv)
Den Houwald hat e Samschdeg d'Defaite an der Coupe-Finall vum leschte Weekend vergiess an huet mat 6:3 géint den Tabellendrëtte gewonnen.
An der Spëtzepartie vum 12. Spilldag am Dëschtennis-Championnat huet den Houwald duerch eng 6:3-Victoire zu Iechternach d'Tabellespëtzt behaapt. D'Punkte fir de Leader hunn den Irfan Cekic, de Marc Dielissen an den Ademir Balaban am Eenzel gemaach an dann hunn och nach den Irfan Cekic an de Marc Dielissen hiren Dubbel gewonnen.
PDF: Feuille de match Iechternach - Houwald
Diddeleng bleift um Houwald drun. No der Victoire de leschte Weekend an der Coupe huet den Titelverdeedeger e Samschdeg kloer mat 6:3 géint Éiter/Waldbriedemes gewonnen. An der Tabell sinn de Gilles Michely a Co weider ee Punkt hannert dem Houwald. Fir Diddeleng hunn de Zoltan Fejer-Konnerth, de Gilles Michely, de Fabio Santomauro d'Punkte gemaach.
6 Spilldeeg huet Bäerbuerg am Dëschtennis-Championnat missen op eng Victoire waarden. E Samschdeg hat d'Waarden een Enn. D'Ekipp ronderëm de Mirko Abel konnt sech mat 6:3 géint Nidderkäerjeng behaapten.
Tëscht Hueschtert-Foulscht a Rued gouf et kee Gewënner. Béid Ekippen hu sech mat engem 5:5-Remis getrennt. Rued steet den Ament op der 4. Plaz an der Tabell mat 24 Punkten. Domadder wär een am Titelgrupp. Nach bleiwen awer 2 Spilldeeg ze spillen. Iechternach steet op der 5. Plaz mat 22 Punkten. Bäerbuerg huet der 20.