Zanter 35 Joer treffen sech zu Esch, an der Stad an zu Ettelbréck Häerz-Patienten, fir ënner medezinescher Opsiicht Sport ze maachen.

Sport als Therapie, dat ass scho laang de Fall fir vill Häerzpatienten. Zanter 35 Joer treffe si sech reegelméisseg fir ënner medezinescher Opsiicht Sport ze maachen. Manner bekannt ass, datt et esou Sportsgruppen och fir aner Patiente gëtt.

AUDIO: FLASS: De Reportage vum Guy Seyler

Bei Kriibspatienten, bei Parkinson, MS, no engem Hireschlag an esouguer bei de "maladies rares" kann de Sport net nëmmen d’Liewensqualitéit verbesseren, mä d’Liewen och verlängeren. Dat ass awer wéineg bekannt.

Virun 3 Joer huet d’FLASS – d’FédérationLuxembourgeoise des Associations de Sport de Santé – all déi verschidde Gruppen ënnert enger Organisatioun zesummegeschloss. Elo geet et drëms, d'Leit iwwer déi bestoend Offer ze informéieren. Am Sënn vun enger grousser Sensibilisatioun goufen 2.600 Dokteren ugeschriwwen. Si sollen de Sport als feste Bestanddeel an hir Behandlung abauen an de Patient zum Sport als Therapie motivéieren.

De Sport ass net nëmmen e bëllegt Medikament, mä en huet och manner Niewewierkungen. Allerdéngs verdéngt d’Pharmaindustrie domat keng Suen an duerfir ass et och esou schwéier, deen Effet no baussen ze droen.

Et ass kloer, datt an dëse Gruppe kee Leeschtungssport gemaach gëtt. D'Exercicë sinn individuell ugepasst a ginn och vu speziell forméierte Moniteuren oder Doktere gehalen.

E positiven Nieweneffekt vun dësem Encadrement ass, datt de Patient iwwerwaacht gëtt. A bei Problemer direkt u säin Dokter iwwerwise gëtt.

Niewent Esch, der Stad an Ettelbréck ass eng Sportsgrupp fir kriibskrank Patienten zu Wäisswampech an der Planung. Eng Vergréisserung vun der Flass steet och un. Zwou nei Gruppe kéinten deemnächst bäikommen. Diabetiker a Leit mat engem Burn-Out. Och fir déi Patienten ass de Sport e wichtegt Medikament.