Diddeleng klappt den Houwald am Spëtzematch
Am Duell tëscht dem éischten Zwee aus der Tabell konnt sech de Gaascht vun Diddeleng mat 6:4 um Holleschbierg behaapten. Nidderkäerjeng verléiert doheem.
Houwald - Diddeleng 4:6
An der Renconter tëscht Houwald an Diddeleng stounge sech déi zwee éischt Formatiounen aus der Tabell géigeniwwer. Um Holleschbierg zu Hesper war et eng serréiert Partie, d'Haushäre wollten nämlech d'Punkte bei sech doheem loossen. Ma dëst sollt hinnen awer net geléngen, well Fejer-Konnerth, Michely a Co. um Enn d'Iwwerhand mat 6:4 behale sollten.
Nidderkäerjeng - Hueschtert/Foulscht 2:6
Am Tabellekeller war et d'Explikatioun tëscht Nidderkäerjeng an Hueschtert/Foulscht. D'Formatioun aus dem Éislek ass als Favorit an dës Partie gaangen, deementspriechend däitlech goung de Match och mat 6:2 aus der Siicht vum Gaascht aus. Séier konnten de Joannes an de Janssens op 2:0 setzen, ier de Lamarre fir Nidderkäerjeng ee Match wanne konnt. Duerno gouf et awer ëmmer méi däitlech, well och den Heow an nach ee Mol de Janssens an de Joannes d'Partië fir sech entscheede konnten.
Rued - Iechternach 2:6
Am Match tëscht Rued an Iechternach hat de Favoritt wéi erwaart net vill Problemer a gewënnt däitlech. Just den Arlindo De Sousa huet sech missen mat 1:3 dem Tessy Gonderinger geschloe ginn an den Evgheni Dadechin huet mat 0:3 géint de Peter Musko verluer. Déi 2 Dubbel-Matcher hu guer net misse gespillt ginn.
Eiter-Waldbriedemes - Berbuerg 5:5
Trotz dem Fait dat d'Olga Nemes fir seng Matcher huet misse Forfait erklären, hunn et déi Eiter gepackt awer nach 5:5 ze spillen. An dat wëll de Ronny Zeimes bei Berbuerg seng 2 Matcher net gewanne konnt an och de Michael Schwarz huet géint den Thibaut Besozzi mat 2:3 de Kierzeren gezunn.