An der Coque stoungen um Sonndeg d'Finallen am Eenzel an am Dubbel um Programm. De Christian Kill ka säin éischten Titel feieren, D'Sarah de Nutte de 7.

Eenzel

Bei den Hären ass et an der Finall zu enger Iwwerraschung komm. De Christian Kill huet déi zwee éischt Sätz zimmlech séier mat 11:5 an 11:7 fir sech entscheet. Och wann de Luka Mladenovic am drëtte Saz gekämpft huet, ass och dësen un de Christian Kill gaangen, deen de 4. Saz zwar nach verluer huet, am 5. Saz dann awer alles kloer gemaach huet a sech zum Schluss mat 4:1 géint de Luka Mladenovic duerchsetzen a sou säin éischte Championstitel feiere kann.

AUDIO: Christian Kill neie Champion/Reportage Yannick Zuidberg

An der Halleffinall tëscht dem Christian Kill an dem Eric Glod war et zu engem laange Match komm. No 7 Sätz konnt sech zum Schluss awer de Christian Kill mat 22:20 am leschte Saz behaapten. An der zweeter Halleffinall konnt sech de Luka Mladenovic mat 4:2 duerchsetzen.

Bei den Dammen huet sech d'Sarah de Nutte an der Finall kloer mat 4:0 géint d'Tessy Gonderinger duerchgesat an ass domat fir déi 7. Kéier hannerteneen Lëtzebuerger Champion.

An den Halleffinallen war et virdrun och zu klore Resultater komm. D'Tessy Gonderinger hat mat 4:1 Egle Tamasauskaite gewonnen an d'Sarah de Nutte huet mat engem 4:0 géint d'Lena Grein seng Stäerkt gewisen.

Dubbel

Bei den Dammen geet den Titel un d'Sarah de Nutte an d'Tessy Gonderinger. Si gewannen d'Finall mat 3:1 géint d'Titelverdeedegerinne Carole Hartmann an Egle Tamasauskaite a feiere soumat den 9. Titel an de leschten 10 Joer.

Bei den Häre konnte sech an der Finall de Luka Mladenovic an den Eric Thillen duerchsetzen. Dobäi louche si an der Finall géint den Traian Ciociu an den Arlindo de Sousa mat 0:2 zréck.

An der Finall vum Dubbel-Mixte wannen d'Sarah de Nutte an de Luka Mladenovic mat 3:1 géint d'Martine Simon an den Eric Glod.

Am Kader vun den nationale Meeschterschafte war dann och nach den Tirage vun den Halleffinallen am Ekippe-Championnat bei den Hären. Gezu gouf vum Lynn Jacobs a Präsenz vum André Hoffmann. Diddeleng, déi op 2 gesat sinn, kréien et mat Rued ze dinn, déi sech als 4. Ekipp qualifizéiere konnten. Domat kritt den DT Houwald den um Pabeier méi schwéiere Géigner zougeloust an zwar den DT Iechternach.