Eischte Kontakt mam Volleyball fir kleng Kanner
Si krabbelen, lafen, balancéieren a sprangen. Rieds geet vun den Bouncing Grizzlies, eng Initiativ vum Walfer Volleyball.
Hei kréien Kanner vun 3-7 Joer en éischte Kontakt mam Sport vermëttelt. Den Marc Burelbach an de Joé Feiereisen hunn sech méi genee fir dëse Projet interesséiert.
All 2 Wochen maachen d'Bouncing Grizzlies wärend enger Stonn d'Sportshal zu Walfer onsécher. Als Éischt gëtt sech natierlech waarm gemaach. Duerno gëtt et op de Parcours dee vum Carole a vum Nathalie virbereet ginn ass. Et ass de Butzen ofzegesinn datt si vill Freed hunn déi verschidden Aufgaben ze meeschteren.
Zënter de Projet am leschten Hierscht lancéiert gouf, kommen ëmmer nees nei Kanner mat hiren Elteren op Walfer kucken. Wärend déi eng éischter duerch Zoufall un Bouncing Grizzlies komm sinn, hunn anerer ganz spezifesch no dëser Offer gesicht.
Nom éischten Deel gëtt et eng kleng Stäerkung. Mat frëscher Energie geet et weider, dës Kéier heescht et den Loftballon esou laang ewéi méiglech an der Loft ze halen. Dat erënnert schonn e bëssen u Volleyball, mee dorëm gëtt et awer eigentlech net.
Natierlech wieren se zu Walfer och net béis wann den een oder aneren Grizzlie herno de Wee an de Volleyballsveräin géing fannen. Méi Informatiounen zu dëser virbildlecher Initiativ fannt dir um facebooksite Bouncing Grizzlies.