D'Damme vu Rued si weiderhin net ze klappen. E Samschdeg konnte si sech am Kader vum Ladies & Girls Day de Championstitel sécheren.

D'Danielle Konsbruck, d'Tessy Gonderinger, d'Annick Stammet an d'Vinita Schlink hu 6 vu 6 Partië gewonnen an domat ganz souverän déi éischte Plaz. Dorënner gouf et och zweemol eng 4:2-Victoire géint de gréisste Konkurrent, d'Damme vun Nidderkäerjeng.