Bei den Damme ginn d'GYM an Dikrech an een entscheedenden drëtte Match, Walfer setzt sech géint Péiteng duerch.

Am nationale Volleyball stoung um Samschdeg souwuel bei den Dammen ewéi och bei den Hären déi zweet Halleffinallen am Playoff um Programm.

Hären:

Halleffinall:

Stroossen - Dikrech 1:3

No der 2:3 Defaite am Allersmatch wa Stroossen doheem gewëllt, sech an den drëtten, entscheedende Match ze kämpfen. No engem ganz serréierten éischte Saz konnte si sech och dëse sécheren, dëst mat engem 28:26. An den zweete Saz ware si allerdéngs net gutt gestart. No kuerzer Zäit stoung et hei ewell 5:1 fir d'Gäscht vun Dikrech, ma dësen Avantage hu sech déi Dikrecher am zweete Saz och net méi huele gelooss. Um Enn wanne si den zweete Saz däitlech mat 25:15.
Stroosse konnt den Dikrecher net méi vill entgéintsetzen, a sou war och den drëtte Saz däitlech mat 25:17 fir d'Ekipp vun Dikrech.
Am leschte Saz huet Stroosse sech dann nach eng Kéier probéiert zesummenzerappen, ma och dëse Saz war um Enn ganz knapp fir déi Dikrecher, déi sech domat mat 3:1 an de Sätz duerchsetze konnten a sech fir d'Finall qualifizéiert hunn.

Stroossen verléiert doheem mat 1:3 géint Dikrech
Mat dëser Victoire huet Dikrech sech fir d'Finall qualifizéiert.

Bartreng - Fenteng 0:3

Och hei wollten d'Haushäre sech no der Néierlag am Allersmatch verbessert presentéieren. Dëst sollt awer nëmme bedéngt geléngen. Och hei war et ee ganz serréierte Match. Béid Formatioune wollten hir Chance op d'Finall halen.
Den éischte Saz goung um Enn denkbar knapp un d'Gäscht vu Fenteng, dëst mat 26:24.
De Volley vu Bartreng wollt sech och no dësem Réckschlag net opginn, a sou hu si et weider probéiert, ma och am zweete Saz huet um Enn de Gaascht zougeschloen, a konnt sech och den zweete Saz mat 25:22 sécheren.
D'Lokalformatioun war am leschte Saz dann zimlech agebrach a si hu net méi un ee Weiderkomme gegleeft. Den drëtte Saz goung domat kloer u Fenteng, dëst mat 25:17. Soumat konnt sech Fenteng och fir d'Finall qualifizéieren.

All d'Resultater aus dem nationalen Volleyball

Och am Häre Playdown gouf gespillt:

Esch - Walfer 3:0

Belair - Luerentzweiler 0:3

Dammen:

Halleffinall:

GYM - CHEV Dikrech 3:1

No der Victoire am Allersmatch wollt de CHEV vun Dikrech duerch eng Victoire an d'Finall anzéien. Den éischte Saz war ganz ëmkämpft, ma um Enn sollt de GYM sech awer ganz knapp mat 26:24 behaapte kënnen.
Den zweete Saz goung dann awer op de Kont vun de Gäscht aus Dikrech, dëst awer och erëm relativ knapp mat 25:22.
An enger ganz enker Partie konnten d'Gym den drëtte Saz mat 26:24 fir sech entscheeden, éier de véierte Saz da relativ däitlech un d'Lokalekipp goe sollt. Soumat kënnt et den nächste Weekend zu engem entscheedenden drëtte Match.

Péiteng - Walfer 0:3

Walfer huet och am zweete Match näischt ubrenne gelooss, a konnt och de Retourmatch fir sech entscheeden. Den éischt Saz war mat 25:21 fir Walfer nach relativ enk, ma duerno hat Péiteng awer näischt méi entgéint ze setzen a sou waren déi nächst zwee Sätz mat 25:11 a 25:17 och däitlech fir Walfer, déi sech soumat fir d'Finall qualifizéiere konnten.

Och am Damme Playdown gouf gespillt:

Stroossen - Iechternach 3:2

Stengefort - Mamer 0:3