E Samschdeg si bei der 3. an decisiver Halleffinall déi 2. Finalistinne gesicht ginn. De Chev Dikrech konnt souverän 3:0 géint d'Gym wannen.
Dammen-Volleyball
CHEV Dikrech – Gym Bouneweg 3:0
Um viregte Weekend bei den 2. Halleffinallen huet d’Ekipp aus der Iesels-Stad zu Bouneweg mat enger 1:3-Defaite de Kierzere gezunn. Dofir stoungen der Coach Svetalana Stoyanova hir Dammen e Samschdeg am fréien Owend doheem géint d’Gym liicht ënner Drock.
D’Gym wollt iwwerdeems op en Neits fir eng Iwwerraschung suergen a war bis an d’Fangerspëtzte motivéiert. D'Heemekipp huet awer direkt am 1. Saz mat 100 ugefaangen an dësen däitlech mat 25:15 fir sech entscheet. Am 2. Saz war et mat 25:20 vläicht manner däitlech, ma am 3. Saz huet de Chev awer nach eemol opgedréint an de Sak mat 25:17 zougemaach.
LINK: D’Resultater an d’Tabell am Iwwerbléck
Och am Playdown gouf gespillt:
Stengefort – Stroossen 3:0
LINK: D’Resultater vum Playdown am Iwwerbléck
Hären-Volleyball
Am Playdown am Hären-Volleyball waren et dës Partien:
Esch – VC Belair 3:0
Luerenzweiler – Walfer 3:0