An engem Schreiwes huet de Veräin e Freideg weider matgedeelt, datt de Joao Aguiar no enger Saison de Veräin nees verléisst.

Den DT Diddeleng verstäerkt sech déi nächst Saison mam Dennis Müller. Den Däitschen huet dës Saison zesumme mam Luka Mladenovic beim FSV Mainz an der zweeter Ekipp gespillt.

Den Dennis Müller keng seng zukünfteg Coequipieren zu Diddeleng schonn. Mam Zoltan Feyer-Konnerth gouf hien 2016 däitsche Vize-Champion am Dubbel, donieft hunn déi zwee zesumme mam Gilles Michely och schonn zu Grenzau an enger Ekipp gespillt.

Nieft dem Dennis Müller, dem Zoltan Feyer-Konnerth an dem Gilles Michely gehéieren och nach de Fabio Santomauro an de Vincent Kempfer déi nächst Saison zu der 1. Ekipp vun Diddeleng. Beträit ginn d'Spiller weiderhi vum Bianca Bauer a vum Steve Goetzinger.