E Samschdeg Nomëtteg huet sech um leschte Spilldag vum Ofstigsgrupp entscheet, dat Éiter/Waldbriedemes de Relegatiounsmatch muss spillen.

Éiter/Waldbriedemes - Bäerbuerg 3:6

D'Heemekipp ass am éischte Match duerch eng Victoire vum Mickaël Fernand mat 1:0 a Féierung gaangen. Direkt duerno konnt de Bäerbuerger Spiller Mirko Habel awer ausgläichen, éier den Thibaut Besozzi géint de Luc Michely mat enger Victoire äntwere konnt.

Duerno war et een Hin an Hier, bis datt de Michael Schwarz a Luc Michely fir hir Bäerbuerg hir Matcher hannerenee wanne konnten. Beim Stand vu 5:3 fir d'Gäscht goung et an d'Ausernanersetzung tëscht Nemes/Fernand an Habel/Schwarz - um Enn konnten d'Berbuerger och dës Partie fir sech entscheeden an domat d'6:3-Victoire kloermaachen.

Hueschtert/Foulscht - Nidderkäerjeng 6:0

Een zimlech däitlechen Ausgang gouf et iwwerdeems an der Partie tëscht Hueschtert/Foulscht an Nidderkäerjeng. D'Lokalekipp mam Olivier Joannes, Tim Janssens  a Co. mat de Gäscht aus dem Süden beim 6:0-Erfolleg keng grouss Méi.