Mam Slogan "Dëschtennis fir jiddereen, iwwerall. Beléift, weltwäit an inklusiv" soll de Sport de Leit weltwäit méi no bruecht ginn.

No 2017 mécht d'Lëtzebuerger Dëschtennis-Federatioun dëst Joer eng zweete Kéier bei der Promotiounsaktioun mat.

AUDIO: Welt-Dëschtennis-Dag/Reportage Lynn Kayser

Trotz de gudde Resultater vu virun allem de Lëtzebuerger Dammen an der Presenz vun der Federatioun beim Cosl-Spillfest oder dem Wibbel an Dribbel sinn d'Zuele vun de Lizenzen hei am Land an de leschte Jore konstant bei ronn 4.200 bliwwen an d'Zuel vun de Veräiner ass liicht erofgaangen. Dëst mécht der Lëtzebuerger Dëschtennis-Federatioun Suergen an dofir probéiert een, iwwert de Welt-Dëschtennis-Dag nei Leit fir de Sport mam klenge Ball ze begeeschteren. Et huet ee sech dann och esou munches dofir afale gelooss, betount de President vun der FLTT, den André Hartmann. Et hätt een an der City Concorde Dëscher opgeriicht, wou ee fräi spille kéint, wann ee Loscht hätt. Weider wier och een Dësch do, wou Lëtzebuerger Nationalspiller a Spillerinnen de Leit weisen, wat si kënnen.

Mat de Promotiounsaktiounen um Welt-Dëschtennis-Dag soll jiddereen ugeschwat ginn. Dëschtennis wier fir jiddereen an dofir wier d'Inklusioun ganz wichteg.

Fir den André Hartmann ass den Dëschtennis wuel eng ganz komplex Sportaart, mä se géif fir vill Leit eng Méiglechkeet bidden, fir séier e Gefill fir de Ball ze kréien.

E Freideg an e Samschdeg hunn d'Leit d'Méiglechkeet, den Dëschtennis fir sech ze entdecken. De geneeë Programm vun der FLTT fannt dir hei: