An Holland huet den Alex Laurent mat Den Helder mat 75:83 géint Dordrecht verluer a steet elo an der Tabell op der 6. Plaz.

Beim belsche Volleyball-Club Waremme huet de Chris Zuidberg e Sonndeg eng gutt Partie beim 3:0-Erfolleg realiséiert. Als Belounung gouf hien als 'Star-of-the-Game' gekréint.

An der zweeter däitscher Basketballbundesliga verléiert den Thomas Grün mat de Gladiators Tréier mat 74:92 géint Nürnberg Falcons. Dëst war den 1. Match vun de Véierelsfinallen an de Playoffs. De Lëtzebuerger huet 8 Punkten an 2
Rebounds bäigesteiert.

© RTL Archiv

An der zweeter däitscher Bundesliga vun den Dammen hunn d'Tina Welter a Waiblingen ganz kloer mat 27:41 géint Mainz verluer. D'Tina Welter konnt kee Gol markéieren.