An enger spannender Partie hat den Underdog vu Lénger Éiter/Waldbriedemes ganz no un der Defaite. Ma um Enn konnt sech de Favorit awer 5:4 duerchsetzen.

E Samschdeg den Owend stounge sech an der 1. Partie vun de Barragen Éiter/Waldbriedemes a Lénger géigeniwwer. Béid Ekippe sinn dann och an hirer beschter Besetzung opgetrueden an et war d'Heemformatioun, déi gutt an dës Ausernanersetzung gestart ass. Esou konnten de Christian Kill an de Mickael Ferand hir 1. Matcher gewannen.

Am nächsten Duell ass de Lénger-Spiller Yves Tonon dunn op den Thibaut Besozzi getraff an huet mat senger Victoire fir eng gréisser Iwwerraschung gesuergt. Lénger ass et dunn och gegléckt fir op 2:2 auszegläichen.

Duerno goung et weider hin an hier, ma um Enn sollt awer d'Heemekipp knapp mat 5:4 géint eng couragéiert Ekipp vu Lénger wannen. Nächste Weekend muss dann d'Ekipp aus dem Süden wannen, well soss sinn d'Dreem vum Opstig schonns eriwwer.