No der 5:4-Victoire am 1. Match wënnt Éiter/Waldbriedemes och an der 2. Partie, dat mam selwechte Resultat.

Am Retourmatch war et de Christian Kill, dee sech am éischte Match géint den Thibaut Besozzi konnt duerchsetzen, dëst a 4 Sätz. Fir Éiter/Waldbriedemes war et de Mickaël Fernand, dee säin éischte Match géint den Igor Tkalec gewanne konnt.

Den Dirck Gavray konnt d'Iwwerhand iwwert den Daniel Wintersdorff behalen a konnt de Mann vun Éiter/Waldbriedemes an 3 Sätz klappen. Nodeems den Yves Tonon den éischte Saz géint d'Olga Nemes gewanne konnt, war et um Enn awer d'Damm, déi sech géint de Mann vu Lénger konnt duerchsetzen.

An engem enke Match goung et tëscht dem Christian Kill an dem Mickaël Fernand iwwert 5 Sätz, woubäi de Mann vu Lénger um Enn d'Iwwerhand behale konnt.

Den Thibaut Besozzi hat keng Problemer géint den Igor Tkalec ma och d'Olga Nemes konnt säin zweete Match gewannen.

Nodeems dann den Yves Tonon den Daniel Wintersdorff klappe konnt, goung et genau wéi am Allersmatch an den entscheedenden Dubbel.  Hei waren de Mickaël Fernand an den Thibaut Besozzi ze staark fir de Christian Kill an den Yves Tonon. Domadder wënnt Éiter/Waldbriedemes de Match mat 5:4 a spillt déi nächste Saison weider an der BDO-League.

Déi éischt Renconter:

Am 1. Match vun der Relegatioun hat sech Éiter/Waldbriedemes ganz knapp mat 5:4 géint Lénger behaapt.

Nodeems sech de Mickaël Fernand vun Éiter/Waldbriedemes däitlech mat 3:0 an de Sätz géint den Igor Tkalec duerchsetze konnt, war et beim Duell tëscht dem Olga Nemes an dem Christian Kill eng relativ kloer Victoire fir de Christian Kill mat 3:0, och wann d'Olga Nemes him an de Sätz d'Saach net einfach gemaach hat.

Iwwert 5 Sätz goung iwwerdeems de Match tëscht dem Thibaut Besozzi an dem Yves Tonon, ma um Enn hat de Mann vu Lénger d'Nues knapp fir.

Keng Problemer hat dogéint den Daniel Wintersdorff mam Dirck Gavray, a soumat stoung et am General no 4 Partien 2:2.

De Christian Kill konnt dorops hinn och säin zweete Match mat 3:0 gewannen, dëst dës Kéier géint de Mickaël Fernand.
Duerno konnte souwuel d'Olga Nemes, ewéi och den Thibaut Besozzi sech duerchsetzen, a sou stoung et virun den entscheedenden Matcher 4:3 fir Éiter/Waldbriedemes.

Dem Yves Tonon war géint den Daniel Wintersdorff nach den  Ausgläich gelongen, ma kuerz duerno war et den Doubel Mickaël Fernand an Thibaut Besozzi dee sech a 4 Sätz konnt géint de Christian Kill an Yves Tonon behaapte konnt.