Dem Sarah de Nutte ass et de leschte Weekend gelongen, sech mat hirem Veräin TuS Bad Driburg fir d'Halleffinall vun de Damme-Bundesliga ze qualifizéieren.

Scho freides war d'Lëtzebuergerin géint TTK Anröchte a gudder Form a konnt déi den Dubbel wéi och déi zwee Eenzel gewannen.

De Retourmatch Sonndes war méi ëmkämpft, ma um Enn stoung och hei e 6-3 fir den TuS Bad Driburg. Hei konnt d'Sarah de Nutte mat eng super Leeschtung op sech opmierksam maachen.

An der Halleffinall den 30. Abrëll gëtt et e gudde Strapp méi schwiereg, well da geet et géint den aktuelle Champion a Pokalgewënner SV DJK Kolbermoor.