Op der Dëschtennis-WM sti mam Ni Xia Lian, Sarah de Nutte an Dani Konsbruck direkt 3 Lëtzebuergerinnen am Haapttableau.

Duerch zwou kloer Victoiren an der Qualifikatioun konnt sech d'Danielle Konsbruck vum DT Rued fir den Haapttableau qualifizéieren. D'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte hunn net missen duerch d'Qualifikatioun goen. Domat ganzer 3 FLTT-Dammen ënnert den 128 beschte vun der Welt. Fir d'Sarah Meyer ass d'WM no der Qualifikatioun eriwwer.

Och am Dammen-Dubbel ginn et gutt Nouvellen, do stinn d'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte nämlech schonns an der Ronn vun de leschten 32.

Bei den Hären ass et net ganz esou gutt gelaf. De Luka Mladenovic, den Eric Glod an de Gilles Michely hunn et net iwwer d'Qualifikatioun eraus gepackt. Eng besser Figur hu si am Dubbel ofginn, ma och do ass schonns Schluss fir Glod a Mladenovic, déi mat 1:4 dem Emmanuel Lebesson, Europameeschter vun 2016 an dem Tristan Flore ënnerleeë waren.