Vun e Freideg bis e Sonndeg trieden d'Lëtzebuerger Volleyball-Dammen an der Coque un, fir d'Small Countries Association Championships ze gewannen.

Et ass déi éischt offiziell Kompetitioun bei de Seniore fir den Trainer Herman Vleminckx. Zanter de Belsch den Trainerposten am Summer 2017 iwwerholl hat, stoung ganz vill Training, Stagen an eng sëlleche Frëndschaftsmatcher an Tournoien um Programm.

AUDIO: Volleyball-Dammen/Reportage Marc Burelbach

Dobäi hunn d'Lëtzebuergerinne géint Holz aus der 2. däitscher Bundesliga mat 0:3 verluer, awer géint Namur aus der zweeter belscher Divisioun mat 3:1 gewonnen.

Bei den SCA Volleyball Championships sinn dëst Joer am ganze 6 Ekippe gemellt. Et gëtt an zwou Gruppe gespillt, wou duerno déi éischt 2 aus all Grupp eng Halleffinall spillen an um Sonndeg dann d'Placéierungsmatcher ausgedroe ginn.

Dat bedeit 4 Matcher an 3 Deeg fir eis rout Léiwinnen an dat soll dann an engems eng gutt Virbereedung op d'Spiller vun de klenge Länner Enn vum Mount sinn.

D'Lëtzebuergerinne spillen an hirer Grupp géint Nordirland a Grönland. Béid Ekippe missten ze klappe sinn. An der Halleffinall kéint et dann entweder géint Schottland oder d'Färöer Insele goen.

D'Goldmedail ass duerchaus realistesch. Allerdéngs mussen déi blesséiert Carla Mulli an déi ugeschloe Betty Hoffmann ersat ginn. Mat Noa Reiland, Sarah Wolf, Lena Wagner, Camille Esselin a Christelle Nicolay si gläich 5 nei Gesiichter am Lëtzebuerger Kader dobäi.

Dat mécht de Kader nees eng Kéier méi jonk, wat awer keen Nodeel muss sinn. Lass geet et fir Lëtzebuerg e Freideg um 20.30 Auer géint Nordirland.