Nodeems se de Samschdeg de Mëtten mat 3:0 géint Grönland gewonnen hunn, gouf et an der Halleffinall eng 3:2-Victoire géint Färöer Inselen.

Bei de Small Countries Association Championships spillen d'Lëtzebuerger Dammen ëm d'Finall. No der klorer 3:0-Victoire géint Nordirland e Freideg den Owend, hunn d'Lëtzebuergerinnen och hiren zweete Match e Samschdeg kloer mat 3:0 (25:8, 25:10 a 25:14) géint Grönland gewonnen.

An der Halleffinall huet sech Lëtzebuerg géint d'Färöer Inselen ganz schwéier gedoen an nodeems se déi éischt 2 Säz gewanne konnten (25:21, 25:23), hunn se déi 2 dono verluer (19:25, 23:25). Am 3. hunn se sech dann awer keng bléiss ginn a gewannen dësen souverän mat 15:7. Domadder trëffen se an der Finall op Schottland déi sech ouni Problemer mat 3:0 (25:14, 25:16, 25:9) géint Nordirland duerchsetze konnten.

Op RTL.lu kënnt Dir alleguer d'Matcher am Livestream suivéieren.