E Samschdeg ass d'Hären-Nationalekipp zu Helsinki an der 2. Qualifikatiounsphas géint Bulgarien an d'Tierkei ugetrueden.

Dobäi ass d'Formatioun ronderëm Glod, Michely a Kill an der éischter Partie mat engem knappen 3:2-Succès iwwer Bulgarien gestart. Am zweeten Match vum Dag war et d'Ausernanersetzung géint d'Ekipp aus der Tierkei an déi ass grad esou just ausgefall.

Déi Kéier war d'Gléck awer net op der Säit vun der FLTT-Formatioun - um Enn huet si sech missen mat enger 2:3-Defaite ofginn.

Den Iwwerbléck vun de Matcher vum Samschdeg. / © FLTT

E Sonndeg dann trëtt déi Lëtzebuerger Formatioun un, fir mat enger Victoire géint Finnland d'Qulifikatioun fir d'EM zu Nantes ze packen.