Réischt de leschte Samschdeg huet den italienesche Klubb zu Berlin d‘ Championsleague géint déi russesch Equipe Zenit Kazan gewonnen.

Elo huet Civitanova offiziell bekannt ginn, datt de Lëtzebuerger Profivolleyballer Kamil Rychlicki en 2-Joreskontrakt (mat enger Optioun op en 3. Joer) ënnerschriwwen huet. Den 22 Joer jonken Rychlicki hat d’lescht Joer seng éischt Saison an Italien bei Ravenna gespillt an gouf direkt fënneftbeschte Scorer vun der ganzer Liga.