RTL-Informatiounen no wollt de Cercle vu Bruges, Club aus der ieweschter Divisioun an der Belsch, de Luc Holtz engagéieren. Dee soll awer ofgesot hunn.

War e Lëtzebuerger bal nees am Profi-Milieu am Futtball op enger Trainerbänk?

RTL-Informatiounen no wollt de Cercle vu Bruges, Club aus der ieweschter Divisioun an der Belsch, de Luc Holtz engagéieren. De Lëtzebuerger Nationaltrainer soll awer aus perséinleche Grënn ofgesot hunn. Dobäi kënnt och op sportlecher Säit, datt hie säi Wee mat de Roude Léiwen nach weider wëll goen.

De belschen Traditiounsveräin gehéiert deene nämmlechte Leit, déi och d'Soe beim Footballclub AS Monaco hunn.