JPEE: Beach-Volleyball
Cloot/Tunchev wannen, Völz/Reiterova verléieren

© pressphoto (Archiv)
Am Beach-Volleyball hunn d'Lëtzebuergerinnen och hie drëtt Partie a Montenegro verluer. Bei den Häre gouf et déi éischt Victoire.
De Matthias Cloot an de Petko Tunchev hunn am Beach-Volleyball e Mëttwoch hir éischt Partie bei dëse Spiller vun de klenge Länner gewonnen. Si hu sech mat 2:= géint den Duo Balzan/Raffa vu Malta duerchgesat.
Bei den Dammen hunn d'Dajana Völz an d'Marie Reiterova hir drëtt Partie bei de Spiller vun de kenge Länner verluer. Et gouf op en Neits eng 0:2-Néierlag (19:21, 17:21), dës Kéier géint déi Maltesesch Koppel Melissa Cheviron an Dominika Dworniczak.
Am meeschte gelies