Fir d'Lëtzebuerger Dëschtennisspiller war et e Mëttwoch ee gelongen Optakt.

AUDIO: Magazin JPEE 2/ Reportage Lynn Kayser a Serge Olmo

Bei den Dammen hu sech d'Danielle Konsbruck, d'Tessy Gonderinger an d'Eglé Tamasauskaite an der Finall mat 3:0 géint San Marino duerchgesat a Gold gewonnen.

An der Halleffinall waren d'Lëtzebuergerinne Montenegro mat 3:1 iwwerleeën.

D'Lëtzebuerger Hären Gilles Michely, Eric Glod an Traian Ciociu haten an der Finall keng Chance géint Zypern. Si hu mat 0:3 verluer.

An der Halleffinall hate si Monaco 3:0 geklappt.

VIDEO: Reaktioune vun de Lëtzebuerger Dëschtennis-Hären
....