E Freideg den Owend spéit hunn d'Volleyball-Häre sech géint Zypern misse mat 1:3 geschloe ginn.

AUDIO: Defaite fir FLVB-Hären, Bronz am Beachvolleyball / L. Kayser

Duerch d'Néierlag géint Zypern hunn d'Lëtzebuerger et net méi an der eegener Hand fir Sëlwer ze kréien. Bronz dogéint ass ganz gutt méiglech.

Den éischte Saz gouf nach géint Zypern mat 27:25 gewonnen. Déi 3 nächst Manche goungen awer verluer an dat mat 21:25, 20:25 an 22:25. D'Enttäuschung war ze spieren no der Partie, well d'Häre wollten onbedéngt Sëlwer a Montenegro mat heem huelen.

D'FLVB-Dammen hu fir 3. Kéier a Montenegro verluer.

Wéi erwaart haten d'Lëtzebuergerinne keng Chance géint Montenegro, déi sech viraussiichtlecht d'Goldmedail dierfte sécheren.

D'FLVB-Dammen hu kloer an 3 Sätz mat 0:3 (14:25, 12:25, 21:25) e Freideg de Moie verluer.

No nëmmen enger Victoire géint Liechtenstein bleift d'Ekipp ouni Medail bei de Spiller vun de klenge Länner a Montenegro.