Nodeems d'Ni Xia Lian e Mëttwoch de Moien d'Finall verpasst huet, konnt si sech mëttes d'Bronzemedail sécheren a qualifizéiert sech esou fir Olympia.

AUDIO: 6. Kompetitiounsdag zu Minsk/Reportage Rich Simon

Déi 55 Joer jonk Cosl-Sportlerin huet e Mëttwoch de Mëtteg um 15 Auer Lëtzebuerger Zäit nach an der klenger Finall ëm d'Bronzemedail gespillt. Géignerin war d'Yang aus Monaco, déi géint hir Géignerin aus Däitschland mat 3:4 verluer huet.

D'Ni Xia Lian schreift Geschicht
Si ass déi éischt Lëtzebuergerin, déi eng Medail bei den Europaspiller gewënnt. Ganz niewebäi huet si sech fir hir 5. olympesch Spiller qualifizéiert.

D'Ni Xia Lian war richteg gutt an dëse Match erakomm a konnt den éischte Saz iwwerraschend kloer mat 11:3 gewannen. Duerch dëse Score huet si dat ganz du wuel ze vill op déi liicht Schëller geholl, well den zweete Saz goung mam nämmlechte Score un hir Géignerin. Am Uschloss war d'Lëtzebuergerin awer nees méi fokusséiert a konnt sech 4 Sazbäll erausspillen. D'Monegassin huet dës awer alleguerten ofgewiert a konnt de Saz mat 12:10 gewannen. De Saz drop hat d'Yang eigentlech alles am Grëff, ma déi Kéier konnt d'Lëtzebuergerin de Saz dréinen an dëse gewannen. Och déi zwee uschléissend Sätz konnt d'Ni Xia Lian gewannen an domat séchert si sech net nëmme Bronz, mä och en Ticket fir Olympia 2020 zu Tokio. Fir d‘Ni gëtt et déi 5. Participatioun bei Olympia. Et ass dëst déi alleréischt Lëtzebuerger Medail bei Europaspiller.

VIDEO: Interview mam Ni Xia Lian
D'Lëtzebuerger Dëschtennis-Spillerin ass richteg glécklech iwwer hir Victoire an hir Medail.
VIDEO: Den Tommy Danielsson am Interview
De Coach vum Ni Xia Lian schwätzt iwwer d'Victoire géint d'Monegassin an och iwwer Olympia 2020.
D'Medailen-Iwwerreechung vum Ni Xia Lian
Onkommentéiert Bildmaterial.

D'Lëtzebuerger Dëschtennis-Spillerin hat e Mëttwoch de Moie jo an der Halleffinall géint d'Portugisin Fu Yu mat 2:4 verluer.

Ni Xia Lian verléiert an der Halleffinall mat 2-4
D'Lëtzebuerger Dëschtennis-Spillerin huet an der Halleffinall géint d'Portugisin Fu Yu mat 2-4 verluer.

Télégramme vum Sportminister Dan Kersch

Ni Xia Lian en route vers les J.O. de Tokyo 2020 !

Chère Xia Lian,

A peine rentré de votre ville natale de Shanghai, où je viens d’assister à l’Assemblée générale de l’association « China Table Tennis College – Europe » qui fera sans doute avancer le tennis de table luxembourgeois, j’ai suivi de près votre formidable parcours dans le tableau individuel de tennis de table aux Jeux européens de Minsk en Biélorussie.

Bravo, et toutes mes félicitations, Xia Lian, pour cet exploit unique dans l’histoire du sport grand-ducal !

Première médaillée luxembourgeoise dans l’histoire des Jeux européens et qualifiée directement pour les Jeux Olympiques de Tokyo 2020, une nouvelle fois vous avez fait honneur au Luxembourg tout entier, votre pays d’adoption que vous représentez si bien à travers le monde entier.

Merci pour votre engagement sans faille depuis de longues années dans l’intérêt du tennis de table luxembourgeois, le Luxembourg est fier de vous !

Mes meilleurs vœux vous accompagnent sur le chemin de Tokyo et des Jeux Olympiques 2020.

s. Dan Kersch

Ministre des Sports