Ënnert der Leedung vun der FLVB an a Kollaboratioun mat Beach de Lux war e Samschdeg den éischte Beachvolleyball-Championnat am Mixte zu Lëtzebuerg.

Beach de Lux ass den éischten an eenzegen offizielle Beachvolleyball-Club zu Lëtzebuerg. De Championnat e Samschdeg gouf gewonne vum Felix Terwindt (Escher Volleyball Club) an dem Nadja Schaus (Gym Bouneweg).

Déi zweete Plaz goung un den Olivier de Castro (VC Stroossen) an d'Yana Feller (VC Stengefort). An der Finall huet d'Yana Feller wéinst enger Blessur missen opginn.

De Podium gouf komplettéiert vum Felix Fellinger (Escher Volleyball Club) an Eline Delcourt (VC Mamer).

Den 21. Juli ass dann nach de Championnat bei den Hären an den 22. Juli ass et dann un den Dammen. Béid Deeg gëtt zu Lëntgen gespillt. An dat bis 1/4-Finall. Beach de LUX ass do Co-Organisateur.

Fir déi zwee Championnater sinn och den 13. a 14. Juli nach 2 Qualifikatiounsronnen.

De 27.7. sinn Dammen an d‘Hären-1/2 Finallen an den 28.7. Bronze a Gold-Matcher Dammen an Hären an dat alles am Kader vum LBO an Zesummenaarbecht mam EVBC.