D'FLVB huet endlech en neien Trainer fir d'Hären-Nationalekipp fonnt. Den Dieter Scholl hat jo ugekënnegt, sech als Nationaltrainer zeréckzezéien.

Bannent kuerzer Zäit goufen et eng 12 Kandidaturen, dat d'Potential vun der Ekipp ënnersträicht. Schlussendlech huet d'Volleyball-Federatioun sech fir de Pompiliu Dascalu entscheet. De gebiertege Rumän mat franséischem Pass ass d'lescht Saison op Lëtzebuerg komm, fir d'Dammenekipp vu Stengefort ze iwwerhuelen. Do virdrun war hien 9 Joer laang Trainer bei Terville-Florange. Den Dascalu huet och Erfarung als Hären-Trainer, hien huet nämlech 5 Joer laang d'Häre vum VB Chaumont Haute Marne trainéiert.

Als Spiller huet den Dascalu 250 Mol fir d'rumänesch Nationalekipp gespillt an huet 1996 mat Poitevin d'Coupe de France gewonnen.