Op der uerdentlecher Generalversammlung vun der Volleyballferderatioun goufen et gemëschte Gefiller.

Zu Stroossen gouf iwwert dat vergaangent Joer Bilan gezunn.

AUDIO: Generalversammlung am Volleyball / Reportage Marc Burelbach

Engersäits ka sech FLVB iwwert e komplette Conseil d’administration freeën, wou d‘Presidentin faisant fonction Norma Zambon vun de Veräin à l’unanimité confirméiert gouf.

Den finanzielle Volet huet keng wieder Diskussiounen opgeworf an och der Demande vun de Veräiner, fir nees méi Trainerformatiounen ungebueden ze kréien, fir vum Qualité +  profitéieren ze kënnen, gëtt Rechnung gedroen.

Op där anerer Säit bekloe se bei der FLVB nach ëmmer den akute Manque un Arbitter. Net frou ass d‘ Norma Zambon doriwwer, datt an der neier Saison an der Nationaldivisioun bäi den Dammen nëmme 7 Equippen ugemellt sinn.

An enger gudder Stonn konnten déi 21 Punkten vum Ordre du jour a Präsenz vum Éierepräsident vun der FLVB a fréiere CEV-President André Meyer ofgeschafft an d‘AG mam traditionelle Eierewäin clôturéiert ginn.