D'Tessy Scholtes gëtt nei Presidentin vun der Sektioun Karate an der Lëtzebuerger Federatioun vun den Arts Martiaux.

Déi fréier Vizeweltmeeschterin war de leschte Mëttwoch bei den Neiwalen op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung mat 10 anere Memberen an de Comité vum Karate gewielt ginn.

Si gëtt domat Successeur vum ofgewielte Jean-Claude Roob. Op hirer éischter Reunioun goufen elo d'Poste verdeelt. D'Scholtes, déi am Club zu Walfer ass, huet de Leo Salvatore vun Nidderaanwen als Vizepresident un hirer Säit. Sekretär ass de Jorge De Sousa vum Karate-Club Mess.