Op der PompelDiesel gëtt vu Samschdeg u bal 5 Cent méi bëlleg

RTL Lëtzebuerg
Ëm Hallefnuecht geet de Präis fir de Liter Diesel ëm 4,6 Cent erof.
De Präis vum Diesel geet nees e bësse rof.
© Domingos Oliveira

Obwuel de Präis vum Diesel e Samschdeg ëm 4,6 Cent de Liter fält, bleift e mat 2,11 Euro de Liter nach ëmmer däitlech iwwer 2 Euro. Och de Präis fir den 10 ppm Masutt geet ëm 4,7 Cent erof a kascht dann nach 1,59 Euro de Liter. 95er an 98er Bensinn bleiwen onverännert bei jeeweils 1,84 respektiv 2,07 Euro de Liter.

© RTL-Grafik

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO