Den Dënschdeg den Owend spillt d'Lëtzebuerger Nationalekipp e Frëndschaftslännermatch géint Dänemark.

No engem intensive Match a Portugal steet bannen e puer Deeg den nächste grousse Géigner um Terrain. D'Futtball-Nationalekipp krut deemno net vill Zäit ze recuperéieren.

Dänemark vs Lëtzebuerg/Reportage Tom Hoffmann

Fir genau ze sinn, leien nëmmen 3 Deeg tëschent de béide Partien a Portugal an Dänemark. Deemno gouf et an de leschten Deeg net vill Schlof fir d'Rout Léiwen.

"Mir hu missen nom Match géint Portugal um hallwer 6 nees opstoen, fir op de Fluchhafen ze fueren, dat si Faktoren, déi eis an der Recuperatioun no hanne geheien. Et hu missen immens Efforte géint Portugal gemaach ginn, well d'Intensitéit an deene Matcher och méi héich ass, méi héich wéi dat, wat déi meeschte Spiller gewinnt sinn. A wa se bei 80% de Match ufänken, gëtt et natierlech schwéier.", betount den Nationaltrainer Luc Holtz.

Schwéier géif et esou oder esou ginn, wann ee bedenkt, wéi ee Géigner en Dënschdeg den Owend am Aalborg Stadium der FLF-Formatioun géintiwwer steet. Et ass zwar keen Europameeschter oder Nations-League-Gewënner, mä d'Ekipp aus Dänemark huet talentéiert Spiller an hire Reien.

"Si hu géint Schwäiz mat 1:0 gewonnen, vun dohier ass mat Euphorie op hirer Säit ze rechnen. Et ass och en anere Profil vu Géigner wéi nach Portugal. Et ass eng athletesch Ekipp, déi iwwert Aggressivitéit an den Zweekampf kommen an och mat héije Bäll operéieren. Op Konter lauere si och an am Gol steet mam Kasper Schmeichel (de Bouf vum Peter Schmeichel) en enorm staarke Golkipp. Et ass europäesch Top-Spëtzt.", mengt den Trainer vun de Roude Léiwen.

Dänemark huet de leschte Match de 5. September 2018 verluer. Dat war e Frëndschaftsmatch géint d'Slowakei. Dat ënnersträicht déi enorm Qualitéit am Kader vun den Dänen.

"Dat wëll awer elo net heeschen, dass mir eis verstoppen. Mir probéieren och, dëse Match ze notzen, fir déi eng oder aner Saach ze testen. Och vum System hier, mir si mat deem 4-3-3, dee phaseweis e 4-1-4-1 gëtt, wa mir de Ball net hunn, gutt presentéiert. Wou ech awer nach Verbesserunge wëll gesinn, ass an der Projektioun an deene leschten 20 Meter, dass mir do nach méi effikass ginn. Mir probéieren, de Match och an deem Sënn ze notzen.", esou nach de Luc Holtz.

En Dënschdeg den Owend ginn am Stadion 8.000 Spectateuren erwaart.

D'Partie Lëtzebuerg géint Dänemark kënnt dir den Dënschdeg den Owend live vu 18.45 Auer un um 2. RTL, um Radio an op RTL.lu suivéieren.