De COSL huet säin Avis iwwert de Gesetzesprojet vun der Kreatioun vum Etablissement public "Initiativ fir d'Promotioun vum Beruff am Sportssecteur" ofginn.

Avis vum COSL

An deem Avis iwwert de Gesetzesprojet vum neien Etablissement public erënnert den COSL nach emol un e Saz, deen schonn a sengem Avis iwwert de Staatsbudget dra stoung. De Comité Olympique fuerdert, datt virun allem d'Acteuren aus dem privat organiséierte Sport hei am Land virrangeg gestäerkt solle ginn, an datt ee virsiichteg soll si fir ze evitéieren, datt d'Ofhängegkeet vun den établissement an institutions publics, déi zanter 2022 am gaangen ass, ëmmer méi grouss gëtt.

Déi Projete vun neien ëffentlechen Organismen an dësem Joer géifen dësen Appell ënnersträichen. Den COSL zweiwelt net drun, datt all Projeten an Budgetserhéijungen, souwuel op privatem wéi op ëffentlechem Niveau, de Sport zu Lëtzebuerg stäerken. Mä fir zesummen no vir ze kommen, ass et dem COSL wichteg, d'Acteuren aus dem Sportsmouvement ze concertéieren, wat déi optimal Verdeelung vun den zousätzleche Kreditter, dem Lancement vun neie Projeten, esou wéi déi praktesch Modalitéiten an Ëmsetzunge vun dësen ugeet.

D'Roll vun der ëffentlecher Hand am Sport baséiert vum Gesetz hir um Subsidiaritéitsprinzip. Wat elo de Projet de loi vum Etablissement public "Initiativ fir d'Promotioun vum Beruff am Sportssecteur ugeet, gëtt de COSL véier Punkten ze bedenken:

Éischtens, datt de Fonctionnement vum Projet am Detail mat de concernéierten Acteuren hätt missen diskutéiert ginn
Zweetens, datt de Prinzip vun der Subsidiaritéit violéiert gëtt
Et drëttens eng grave Gefor fir d'Autonomie vum Fonctionnement vum Sportsmouvement gëtt
An datt véiertens d'Emprise vun der ëffentlecher Hand op d'Gouvernance vum System am Sport zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss gëtt.

Éiert dëse Projet vun deem neien Etablissement public op den Instanzewee geet, freet de COSL de Sportminister sech nach emol ze gesinn, déi néideg Adaptatiounen am Code de Travail ze maachen, an d'Reform vum Subsid Qualité Plus ze finaliséieren, fir datt d'Sportsclibb d'Leit kënne bezuelen, déi vun deem ëffentlechen Etablissement zur Verfügung gestallt ginn.