En Dënschdeg de Mëtteg goufen zu Nyon an der Schwäiz d'Qualifikatiounsgruppe fir d'WM 2027 geloust, déi a Form vun der Nations League gespillt ginn.

D'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp bei den Damme spillen am Grupp B4 géint d'Belsch, Schottland an Israel, fir sech eng Plaz op der WM 2027, déi a Brasilien ausgedroe gëtt, sécheren ze kënnen. En detailléierte Spillplang mat den eenzele Matcher gëtt méi spéit bekannt ginn.

Virun der neier Campagne spillt d’FLF-Selektioun nach Enn November an Ufank Dezember zwee Frëndschaftsmatcher auswäerts op Zypern.