Lëtzebuerger Sportler am Ausland
Waremme an de Chris Zuidberg starte mat Néierlag an d'Saison

© AFP (Archiv)
E Mëttwoch den Owend war den Optakt vum Volleyball-Championnat an der Belsch.
De Chris Zuidberg ass e Mëttwoch den Owend a seng zweet Saison mat Waremme am belsche Volleyball-Championnat gestart. D'Ekipp ronderëm de 25 Joer ale Lëtzebuerger Nationalspiller huet hei auswäerts mat 0:3 géint Maaseik verluer. Géint den Titelverdeedeger huet ee sech misse mat 18:25, 16:25 an 21:25 an de Sätz geschloe ginn.
De Chris Zuidberg stoung an den 3 Sätz um Terrain an huet 7 Punkte markéiert.
Am meeschte gelies