Lëtzebuerger Dammen zéie mat 0:5 géint de Kosovo de Kierzeren
© Archiv
E Samschdeg huet d'Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp zu Biissen ee Frëndschftslännermatch géint de Kosovo gespillt.
D'Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp am Futtball huet e Samschdeg hiren zweete Frëndschaftslännermatch an dësem Joer gespillt. No der 2:1-Victoire géint Andorra war de Géigner dëse Weekend mam Kosovo ee ganz anere Kaliber. De Kosov ass nämlech och an der EM-Qualifikatioun am Asaz an huet do ënnert anerem schonn Estland an d'Tierkei geklappt.
D'Gäscht hunn zu Biissen dann och gewisen, datt si déi méi staark Ekipp sinn an hu sech mat 5:0 géint d'Formatioun vum Samy Smaïli, déi déi 90 Minutte gutt gekämpft huet, duerchgesat. Fir de Kosovo hunn d'Recica an der 24. Minutt an d'Memeti an der 45. Minutt fir eng 2:0-Féierung an der Paus gesuergt. An den zweete 45 Minutten hunn d'Memeti duerch zwee weider Goler (64' an 66') an d'Ejupi an der 81. Minutt fir d'5:0-Schlussresultat gesuergt.
Am Oktober 2018 hat d'Lëtzebuerger Nationalekipp beim 0:4 géint Estland hire leschte Lännermatch verluer.
Schreiwes FLF
Match amical international féminin
Luxembourg – Kosovo, 09.11.2019
Terrain « ZAC Klengbousbierg », Bissen
Coup d'envoi: 16.00 heures
Cadre:
1. BERSCHEID Jessica 30.07.1997 Bitburg FC 1919 (D)
2. BESCH Anouchka 29.10.1999 SC Bettembourg
3. CORREIA Sadine 09.06.1992 SC Bettembourg
4. DA SILVA SOUSA Cathy 27.09.1994 Progrès Niederkorn
5. DE BRUYN Jill 13.12.1993 SC Ell
6. DOS SANTOS DA GRACA Kimberly 26.02.1998 SC Bettembourg
7. DELGADO DO ROSARIO Ashley 18.08.2004 Young Boys Diekirch
8. ESTÉVEZ GARCÌA Marta 05.06.1997 ENT Wormeldange/Munsbach/CSG
9. KALMES Jil 21.02.2000 FC Mamer 32
10. KREMER Emma 28.07.2000 Jeunesse Junglinster
11. KRIER Lena 29.03.1994 SC Bettembourg
12. MAGALHAES Alexia 13.09.2000 Young Boys Diekirch
13. MARQUES ABREU Julie 06.08.2004 AS Wincrange
14. MILLER Laura 07.12.2001 FC Metz (F)
15. NOEL Betty 01.09.1989 Racing Club Saint-Denis (F)
16. SCHLIME Lucie 19.09.2003 Entente Itzig/VCebra
17. SOUSA LEITE Rita 14.07.1997 FC Mamer 32
18. TEIXEIRA LAVINAS Catarina 28.09.2002 Progrès Niederkorn
19. THILL Kate 25.01.2002 SC Bettembourg
20. WITRY Sarah 06.09.2002 SC Bettembourg